Prise de position

09.02.2024

28.01.2024

16.01.2024

28.06.2018 Divers

Léif Veräinsvertrieder, léif Spiller,

Am leschten FLT Verwaltungsrot hu mir iwwert déi schrëftlech Stellungname vun 3 Veräiner diskutéiert déi ënner anerem sportlech Decisioune vum CA net just a Fro gestallt, mee geziilt kritiséiert hunn an esouguer dem CA ënnerstallt hunn net neutral bei sengen Decisiounen ze sinn.

D’Membere vum CA bedaueren an distanzéieren sech inhaltlech a vum Toun hir vun deene Reprochen an ënnersträichen zugläich dass déi 13 Memberen aus dem CA - an all di aner éierenamtlech Leit déi an den FLT Kommissiounen täteg sinn - Dag fir Dag a vollem Benevolat Asaz FIR den Tennis hei am Land schaffen. Dëst op der Basis vun eisen FLT Reglementer a Statuten déi d’Assemblée vun allen Tennisveräiner Joer fir Joer festleet a stëmmt.

D’Decisioune vum CA ginn ëmmer no beschtem Gewëssen an no neutraler Bewäertung geholl. All Veräin steet et doriwwer eraus fräi d'Decisiounen unzefechten an den „Tribunal Federal“ an de „Conseil d’Appel“ als juristesch Instanzen ënnerhalb vum Tennissport hei am Land mat den Decisiounen ze befaassen.

Den CA huet och zweiwellos festgestallt, dass bäi Litigen sou oder sou ni eng "richteg" Decisioun ka getraff ginn, am Sënn, dass ëmmer eng vun de Parteien vum Litige sech benodeelegt fillt. Dofir gouf d’Fro analyséiert wéi een esou Situatiounen an Zukunft vermeide kann an den CA ass zur Conclusioun komm, dass eisem Sport en FLT Schiidsgeriicht – wéi an anere Sportaarten hei am Land üblech – feelt fir Decisioune vun Arbitteren ze bewäerten, Infraktioune vu Reglementer ze bestrofen oder sportlech Froen um gréngen Dësch ze tranchéieren.

Dat muss eng strukturell FLT Verännerung mat sech brénge fir all zukünftegen CA aus esou Decisiounen an Diskussiounen erauszekréien. Dat hu mir eis virgeholl.

Well d’Vertrauen awer d’Basis vun all Handelen a Schaffen ass, an eng FLT Neutralitéit vu senge Memberen, also de Veräiner bestätegt gi muss, hu mir am CA decidéiert d’Veräiner net eréischt am Fréijoer 2019, mee schonn am Hierscht 2018, méi genee den 22. September, zesummen ze ruffen, souwuel fir d'Vertrauensfro ze stellen, wéi Léisungen fir déi aktuell Schwaachstellen am Reglement an an de Statuten ze proposéieren an och fir virgezunne Wahle fir den FLT CA ze organiséieren. 

D’Membere vum Verwaltungsrot weisen drop hin, dass si, genau wéi hir Kollegen an de Veräiner, am Benevolat mat hirer Zäit a Kompetenz dem Tennissport déngen. Dësen Asaz vun de Veräinsvertrieder an de Clibb, a vun de Federatiouns Memberen am CA, ass de Fändel dee mir sollen héichhalen. Strukture musse reforméiert ginn, Professionaliséierung muss eist Zil sinn, mee d’Vertrauen an eis Instanze sinn dat wichtegst. Dofir: Rendez-vous den 22.September 2018.

Den CA vun der FLT