CORONA VIRUS : All Rencontere vun den FLT Coupen ofgesot!

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


12.03.2020 Compétitions FLT

All Rencontere vun den FLT Coupen ofgesot!

D'Auswierkunge vum Corona Virus (COVID-19) sinn och all Dag verstäerkt am Sportberäich ze mierken. Duerch d'Dynamik déi d'Verbreedung vum Virus mat sech zitt ännert sech d'Situatioun immens schnell an doduerch si mëttel- a laangfristeg Prognosen net ze maachen.

De Conseil d’Administration vun der FLT huet wéinst der aktueller Evolutioun vun der Corona Virus Pandemie decidéiert dass all Rencontere vum FLT Cup ofgesot sinn an op spéider Datumen am Joer verréckelt wäerte ginn. Dovu betraff sinn all d'Rencontere vum FLT Cup, souwuel vun der Coupe Jeunes wéi och vum FLT Cup bei de Seniors an der Coupe Seniors Plus!

Wat d’Tournoie vun de Veräiner ugeet dierfen déi – Stand haut - gespillt gi wann assuréiert gëtt dass d’Consignë vun der Santé ausgehaange ginn, d’Spiller d’Méiglechkeet hunn hir Hänn ze wäschen /desinfizéieren an all Kontakt mat gréissere Gruppe vu Leit vermeit ginn.

D’Consignë fann dir hei:

https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/02-coronavirus-affiches/fr/200302-neon-santelu-sm-banner-3x4-FR.jpg

Mir schécken Iech zur ärer Informatioun och de Link vun der Internetsäit wou dir reegelméisseg aktualiséiert Informatiounen zum Coronavirus (COVID-19) fannt.

https://msan.gouvernement.lu/de/dossiers/2020/corona-virus.html (DE)

https://msan.gouvernement.lu/fr/dossiers/2020/corona-virus.html (FR)

D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun wäert d'Situatioun reegelméisseg analyséieren an d'Veräiner zäitno doriwwer informéiere wann nei relevant Informatioune virleien an nei Decisioune geholl goufen.

Am Allgemengen ass et immens wichteg dass déi néideg Precautioune geholl gi fir sech selwer ze schützen an anerer net unzestiechen.

Mir bieden all Persoune mat Krankheetssymptomer am Zweiwelsfall net op d'Site vun Tennis Kompetitiounen ze kommen. Dat betrëfft souwuel all d'Sportler, d'Spectateuren an all aner offiziell aktiv Vertrieder vun de jeeweilege Kompetitiounen.