Sämtlech Interclubs Ekippe Championnater aus der Saison 2020 oofgesoot

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


22.04.2020 Compétitions FLT

Léif Responsabel an den Tennisveräiner,

Léif Tennisspiller an Tennisspillerinnen,

Den Interclubs ass Joer fir Joer en Highlight am eisem nationale Kalenner. Nieft der sportlecher Erausfuerderung steet den Interclubs exemplaresch och fir d'Mateneen an der Lëtzebuerger Tenniswelt. Déi sozial a frëndschaftlech Kontakter tëscht de Spiller a Spillerinnen droe gréisstendeels zum groussen Erfolleg vun dësem Ekippe Championnat bäi an erklären d'Beléiftheet déi vum Interclubs ausgeet.

Keen hätt sech nach viru Méint kéinte virstellen, dass mir an eng Situatioun komme wou d'FLT de Veräiner misst aus sanitäre Grënn matdeelen, dass den Interclubs 2020 net kéint stattfannen. No den Decisioune vun der Regierung kann e regulären Ekippe Championnat an den nächste Wochen net organiséiert an duerchgefouert ginn. Eis FLT Prioritéit an der 1.Phase vum Deconfinement läit elo dodran, dass d'Tennissitten am Land opginn, dass d'Veräiner hir Terrainen dierfen opmaachen an eis Spiller och nees dierfen Tennis - ënnert strenge Virsiichtsmoossnamen - spillen. Iwwert all sportlecher Fro steet fir d'Lëtzebuerger Tennis Federatioun d'Gesondheet fir d'Spiller a Spillerinnen, fir d'Kommiteeen an de Clibb, fir d'Trainer, fir d'Tennisschüler a fir déi Leit déi op den Anlage schaffen.

Et fält eis net liicht eisen nationalen Highlight ofzesoen, mee et ass fir eis aus verantwortungsbewosste Grënn net anescht méiglech.

Den CA vun der FLT huet dofir decidéiert, dass sämtlech Interclubs Ekippe Championnater aus der Saison 2020 ofgesot sinn.

Des Weidere sinn natierlech no der Decisioun vun der Regierung och all aner FLT Kompetitiounen - Stand haut - bis Ënn Juli 2020 ofgesot.

D'Membere vum Conseil d'Administration vun der FLT hoffen, dass dir an är Famillje gesond duerch des Kris kommt a mir wäerte soubal d'Normalitéit nees zréck an eisem Alldag ass matdeele wéi et mat dem Tennis zu Lëtzebuerg weidergeet.

Mat sportleche Gréiss

Fir de Conseil d’Administration vun der FLT