Den Tennis geet nees op !

09.02.2024

28.01.2024

16.01.2024

04.05.2020 Divers

Ab dem 11.Mee dierf nees Tennis zu Lëtzebuerg gespillt ginn!

D'Regierung huet confirméiert, dass ab dem 11.Mee nees dierf Tennis zu Lëtzebuerg gespillt ginn. Als Tennis Federatioun hu mir déi lescht Deeg a Wochen an enkem Kontakt gestane mat den offiziellen Instanzen an hunn dem Sportsministère och e Konzept virgeluecht ënnert wéi enge Sécherheetsmesuren a Viraussetzungen hei am Land nees kéint gespillt ginn, eis Veräiner hir Terrainen nees dierften opmaachen an eis Tennistrainer nees dierfte schaffen. Mir waarden elo di nächst Decisioune vum Ministère of fir an den nächsten Deeg Detailer kënne bekannt ze maache wéi genee d'Reprise den 11.Mee wäert stattfannen.

Bleift gesond a freet iech op d'Ouverture den 11.Mee.