FED CUP HEART AWARD 2020 - ELEONORA MOLINARO

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


07.05.2020 Compétitions FLT

Stëmmt fir eis FED CUP Spillerin !

D'Eleonora Molinaro hat mat Victoirë géint Spillerinne wéi Johanna Larsson an Nina Stojanovic (WTA. 86) beim Fed Cup heiheem op sech opmierksam gemaach. Duerch déi excellent Leeschtungen a säi grousse Kampfgeescht gouf et vun enger Jury ronderëm den ITF President David Haggerty an d'Fed Cup Ambassadrice Billie Jean King fir de FED CUP HEART AWARD 2020 nominéiert.

Mat dësem Präis gi Spiller geéiert déi wärend dem FED CUP, besonnesch Leeschtung fir hiert Land bruecht hunn. De Gewënner gëtt per online  Voting, vum 1. bis den 8. Mee, ermëttelt. Als Gewënner kritt een d'Méiglechkeet eng vun der ITF zu Verfügung gestallte Geldzomm fir ee gudden Zweck ze spenden.

Mee fir dësen Award ze gewanne brauch d'Eleonora är Hëllef !! Ënnerstëtzt eis FLT Spillerin andeems der um Site vum Fed Cup fir hat ofstëmmt!

Dir kennt Voten ënner : https://itf.tell-us-what-you-think.com/s3/Heart-Awards-Vote-Now