Update FLT COVID-19 News 08/11/2020

13.03.2023
Tennis national/international

Tournois Cadres A U12 FLT

Après un 1er ... Lire la suite


06.02.2023
Compétitions FLT

Tennis Europe Wintercup U16 ...

Nos Cadres FLT ... Lire la suite


10.01.2023
Compétitions FLT

Formation Kidscoach 2022/2023

Quelques ... Lire la suite


08.11.2020 Compétitions FLT

Opgrond vun der aktueller Situatioun huet d'FLT festgehalen de MASTERS 2020 by Cardif Lux Vie NET um Datum wéi geplangt ze spillen, mee en op e spéideren Datum ze verleeën, nämlech da wann d'Situatioun et nees erlaabt dëst Tennis Event esou ze gestalte wéi et sech fir den Highlight vum Joer gehéiert. Mat Zuschauer, mat Sponsoren, mat Presse an haaptsächlech ouni Restriktioune fir d'Spiller, d'Arbitteren, d'Ballkanner, de Publikum an de Staff um a ronderëm den Terrain. 

Och gouf festgehalen dass d'FLT Cup Renconteren, déi jo en Ekippe Championnat fir all Divisiounen duerstelle momentan NET gespillt dierfen a kënne ginn. Dh et si keng FLT Cup Rencontere méi bis Enn vum Kalennerjoer 2020. En Update vum Kalenner wäert an den nächste Wochen ausgeschafft ginn.

Par contre ass d'FLT frou dass de Sportsministère d'Méiglechkeet opgelooss huet fir dierfen Tennis als Sportaart ze praktizéieren an encouragéiert d'Spiller Sport ze maachen, sech fit ze halen an ze trainéieren an sech op den Tournoien déi organiséiert ginn unzemellen, dëst selbstverständlech am Respekt vun de gesetzlechen a sanitäre Bestëmmungen.