FLT COVID-19 Gesetz

12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


08.02.2024
Tennis national/international

Davis Cup: Den nächste ...

D'Matcher an der ... Lire la suite


08.01.2021 Tennis national/international

Den Tennissport am COVID Gesetz

- D‘FLT Elittesportler, d'FLT Kaderspiller aus allen Alterskategorien, d'Sportlycée Schüler, d'Tennisspiller aus dem federale Centre de formation an d'Ekippen aus der SEAT League (all Ekippen aus den héchsten Divisiounen am Seniore Beräich am Lëtzebuerg Sport) dierfen nees onageschränkt an ouni Restriktioune mat hiren Trainer Tennis spillen.

- Fir all di aner Spiller a Spillerinnen zielt, op Indoor oder Outdoor:

- Tennis zu 2 pro Terrain ass ëmmer erlaabt, ouni Restriktioun.

- Wann een zu méi wéi 2 Spiller ass muss een assuréieren, dass zu all Moment (!) en Ofstand vun 2 Meter tëscht de Spiller agehale gëtt an et muss een 30m2 pro Persoun zur Verfügung hunn (1 Tennisterrain huet 600m2). 

- Wa Gruppen aus engem selwechte Menage (oder Leit di zesumme wunnen) zesummen Tennis spillen zielen d'Ofstandsreegelen net.

- Trainer oder anere Staff zielen zu de Persounen um Terrain derbäi, mussen also an d'Rechnung vun der Maximalunzuel vu Persounen um Tennisite derbäi gerechent ginn.

- Trainer an anere Staff musse Masken undoen.

- d’Recommandatioun vum Ministère seet, dass bei Anhale vun den Ofstandsreegele an den 30 m2 pro Sportler op grousse Sportsitte, wéi Foussballterrainen oder Tennishalen, maximal 2x10 Sportler, also 20 Athleten dierfen zesumme kommen fir Sport ze maachen.

- Falls d’Hal bannen awer duerch mindestens 2 Meter héich loftonduerchlässeg Trennwänn ofgetrennt ka ginn dierfen op all (!) Ënnerdeelung tëscht 1 a maximal 10 Persoune pro Ënnerdeelung Sport maachen, natierlech ënnert Berécksiichtegung vun der 2 Meter Ofstandsreegel an den 30m2 pro Persoun.

- Vestiairen an Dusche sinn op, et muss een allerdéngs eng Mask am Vestiaire droen a Mindestofstänn vun 2 Meter anhalen

- Zuschauer sinn net zougelooss. Weder beim Training, nach bei Kompetitiounen.

- Buvette mussen zoubleiwen.

- Kompetitiounen sin bis den 15 Mäerz net erlaabt