COVID Mesuren - Jugendsport: Nei Recommandatioun vum Sportsministère

13.03.2023
Tennis national/international

Tournois Cadres A U12 FLT

Après un 1er ... Lire la suite


06.02.2023
Compétitions FLT

Tennis Europe Wintercup U16 ...

Nos Cadres FLT ... Lire la suite


10.01.2023
Compétitions FLT

Formation Kidscoach 2022/2023

Quelques ... Lire la suite


05.02.2021 Compétitions FLT

COVID Mesuren - Jugendsport: Nei Recommandatioun vum Sportsministère – keng Landesmeeschterschaft JEUNES dëse Weekend um CNT

Wéi de Sportsministère ons matgedeelt huet si keng nei gesetzlech Dispositiounen a Kraaft gesat ginn. Dofir soll nach eng Kéier drop higewise ginn dass Sport maachen - an eisem Fall Tennis spillen – och weiderhin Indoor an Outdoor erlaabt ass. Natierlech ëmmer am Respekt vum gesetzleche Kader: dh zu 2 ka Sport gemaach ginn ouni Restriktiounen, bei méi wéi 2 Athlete musse Mindestflächen (30m2 pro Sportler) a Mindestofstänn (permanent 2 Meter) tëscht de Sportler garantéiert sinn.

Fir d’Nationalkaderen an Elittesportler ginn et Ausnamen, déi kënnen „normal“ trainéieren - ëmmer am Respekt vun de sanitäre Mesuren déi en place gesat sinn.

Mir goufen dann och vum Sportsministère drop opmierksam gemaach, dass et eng nei Recommandatioun gëtt, déi un d’Decisioun vum Educatiounsministère zesumme mat der Santé uknäppt. Dora gëtt recommandéiert déi sportlech Aktivitéite fir déi Jonk wann et geet no baussen ze verleeën.

Op Grond dovun huet d’FLT dann och decidéiert de Championnat Indoor JEUNES, deen eigentlech dëse Weekend starte sollt, no hannen ze verréckelen. Soubal d’Recommandatioun vum Sportsministère opgehuewe gëtt, wäerte mir als FLT en neie Kalenner erausginn.

D'FLT rappelléiert hire Veräiner, dass kee Club muss zoumaache mee dass et grad elo immens wichteg ass dass déi sanitär Mesurë strikt agehale ginn (Mindestofstänn, Maskeflicht fir jiddereen deen NET aktive Sportler um Terrain ass, Desinfektiounsmëttel,...) fir d'Gesondheet vun de Spiller am Veräin ze schützen.