Informatioun zu den Tenniskompetitiounen!

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


05.03.2021 Compétitions FLT

Léif Spiller, Léif Veräiner

D'FLT ass frou, dass Sport maachen am Allgemengen - an an eisem Fall Tennis spillen am Speziellen - méiglech ass an souwuel an eisem nationalen Tennis Center (Kaderspiller, Nationalspiller) trainéiert wéi och an de Veräiner gespillt dierf ginn. D'Wantersaison kënnt elo sou lues op en Enn an d'Summersaison steet virun der Dir, wou de Schwéierpunkt a ville Clibb dann och nees um Outdoortennis wäert leien, wat d'Méiglechkeete fir sanitär Precautiounen a punkto Covid-19 nach méi einfach wäert maachen. Dofir wollte mir Iech och matdeelen, dass mir a konstruktive Gespréicher mam Sportsministère sti fir ze kucke wéini an ënnert wéi enge Konditiounen och zäitno nees kéinte Kompetitioune stattfannen. Mir si prinzipiell dovun iwwerzeegt, dass Tennis spillen, ënnert Anhale vu strikte sanitäre Konditiounen, bannen a baussen, och a kompetitiver Form kéint stattfannen.

Mir halen Iech um Lafenden.