Informations Championnat Interclubs

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


26.03.2020 Compétitions FLT

De COVID-19 Corona Virus bestëmmt am Moment d'Liewen an de Rhythmus an eiser
Gesellschaft. Natierlech beanträchtegt de Virus a seng domat verbonne Konsequenzen och
all d'Beräicher an der Sportswelt.


Iwwert all sportlecher Decisioun steet fir d'FLT un éischter Plaz d'Gesondheet vun de Leit,
vun de Memberen, vun de Spiller, vun den Trainer, vun de Kanner an ären Tennisschoulen,
vun den Arbitteren, vun de Memberen aus äre Komiteeën an hire Familljen a vun all Mënsch
deen sech ronderëm eng Tennisanlag ophält.


Dofir huet den CA vun der FLT decidéiert dass di 1.Phase vum Interclubs
Championnat NET wäert wéi virgesi starten (U12, U14, U18, Seniors Plus) a mir
d'Evolutioun ofwaarden ob eng 2. Phase kéint gespillt gi respektiv op eng
Adaptatioun am Spillkalenner kéint virgeholl gi fir (verschidden) Championnater 2020
kënnen ze spillen.


Doduerch dass een haut net weess wéi et an den nächste Woche wäert sinn huet den CA
decidéiert d'Veräiner virum 20.Abrëll 2020 doriwwer ze informéiere wéi et mat der
Interclubs Saison 2020
weidergeet an ob extraordinär Adaptatiounen am Kalenner a vu
Reglementer fir des Saison an dëser ausseruerdentlecher Situatioun néideg si fir kéinten
Tennisrenconteren an der Summersaison 2020 ze spillen.


D'FLT ass sech bewosst, dass di momentan Kris och Repercussiounen op d'Klassement
vun den FLT Spiller a Spillerinnen huet a wäert dofir no Léisunge siche fir d'Period wou keng
Kompetitioune kënne stattfannen.