COVID-Interclubs News

09.02.2024

28.01.2024

16.01.2024

18.05.2021 Divers

INTERCLUBS NEWS

Neit COVID Gesetz mat Ouverturen am Sport

KENG FLT Testzentere méi

Selbsttester sinn ab elo méiglech

All Spiller ass selwer responsabel fir en negatiivt Testresultat ze hunn

Simplen an Dubbelen erméiglechen en normalen Interclubs

Léif Spiller, Léif Veräiner,

D’FLT ass frou, dass mam neie COVID Gesetz no der neier Circulaire vum Sportsministère déi 2.Phase vum Interclubs ënner quasi normalen Ëmstänn ka gespillt ginn.

Dozou e puer Prezisiounen :

Simpel an Dubbel Matcher sinn nees erlaabt.

All Spiller a Spillerinnen (Coach, Kapitän,…Leit déi op der feuille de match stinn) déi u Kompetitiounen deelhuele mussen en negatiivt COVID Testresultat hunn.

Dat aktuellt COVID Gesetz gëtt nei Méiglechkeete fir esou Tester ze validéieren:

PCR Test (aus dem Inland an Ausland) dee maximal 72 Stonnen al ass (de Moment wou d’Renconter ugeet, normalerweis also um 14 Auer).

En zertifiéierte Schnelltest aus dem Inland dee maximal 24 Stonnen al ass (de Moment wou d’Renconter ugeet, normalerweis also um 14 Auer). Dozou gehéieren zB och d’Testresultater aus de Schoulen vum Dag virun der Renconter (offiziell Email), d’Tester déi vu Gemengen oder Apdikten zertifiéiert goufen asw.

Selbsttester déi sur place gemaach ginn.

All Spiller ass selwer responsabel fir en negatiivt Testresultat beim Start vun all Renconter ze hunn.

Bei Rencontere wou e Juge- Arbitter sur place ass, kontrolléiert de Juge – Arbitter op d’Spiller en negatiivt Testresultat hunn.

Bei allen anere Rencontere mussen déi 2 Kapitäne kucken op déi negativ Testresultater virleien.

De Sportsministère hëlleft de Veräiner a verdeelt via FLT eng gewëssen Unzuel u Selbsttester. D’Veräiner kënnen sech ab Mëttwoch 19.Mee 14 Auer am FLT Sekretariat melle vir déi ofzehuelen.

Et kann een natierlech och all anere Selbsttest benotzen deen ee selwer matbréngt.

D’Veräiner mussen zesumme mat hiren eegene Spiller kucken, dass all Spiller soit en zertifiéiert Testresultat huet (PCR, Schnelltest) oder en Selbsttest derbäi huet fir sur place kënnen ze maachen.

Duerch déi nei Mesuren an Delaie vun Tester ginn et KENG FLT Testzentere méi! Mir soen nach emol allen Veräiner déi bis elo gehollef hunn bäi dësen Zentren e grousse Merci!

All Veräin muss muss seng eege Spiller via guichet.lu un d’Santésdirectioun mellen.

Buvette musse momentan nach zoubleiwen.

Maximal 150 Zuschauer si sur place erlaabt (Sëtzplazen mat 2m Distanz a Masken).

Duschen a Vestiaire sinn zu maximal 10 Leit op.


Den CA vun der FLT