6. Editioun vum FLT Masters by Cardif Lux Vie

12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


08.02.2024
Tennis national/international

Davis Cup: Den nächste ...

D'Matcher an der ... Lire la suite


05.11.2021 Tennis national/international

6. Editioun vum FLT Masters by Cardif Lux Vie

Um Enn vun der Saison steet och am 75. Anniversaires Joer am FLT Kalenner traditionell den FLT Masters um Programm. Gesicht gëtt nom Champion vun de Championen. Fir derbäi ze si muss een sech an der Ranglëscht am Laf vum Joer genuch Punkten erspillt hunn fir sech esou ze qualifizéieren an dann em den Titel kënne mat ze spillen.

Et ass mëttlerweil déi 6.Editioun vum FLT Masters by Cardif Lux Vie. Déi lescht war virun 2 Joer: d'Editioun 2020 konnt duerch d'Covid Pandemie leider net ausgespillt ginn. Dofir ass et spannend ze verfollege wien dann den Titel 2021 bei den Damen als Nofollgerin vum Tiffany Cornélius, a wien den Titel bei den Hären als Nofollger vum Gilles Kremer wäert mat heem huelen.

Bei der 6. Editioun gëtt et dann och eng Neierung: déi lescht Plaze ginn nämlech dëse Weekend an engem Qualifikatiouns Modus ab 14 Auer e Samschdeg erspillt, esou dass nach méi Spannung op méi Deeg verdeelt am nationalen Tennis Center ze erliewen ass.

D'Topfavoritin op den Titel bei den Dammen ass sécherlech d'Nummer 1 vun der FLT, d'Mandy Minella, déi fir d'éischte Kéier beim FLT Masters derbäi ass. Mee och déi jonk Talenter wéi Marie Weckerle oder Liz Baddé, genee esou wéi routinéiert Spillerinne wéi Tiffany Cornélius a Claudine Schaul wäerten op hir Chance laueren.

Bei den Hären si sécherlech den Titelverdeedeger Gilles Kremer, d'Gebridder Robi a Christophe Tholl wéi och de Charles Berna an der Favoriteroll. Mee opgepasst, och bei den Häre lauere Spiller op hir Chance fir sech ze weisen.

D'Auslousung fir den Haapttableau ass traditionell e Méindeg den Owend. Gespillt gëtt an de Poulen ab e Mëttwoch Owend 10.November 18h30 am CNT zu Esch.D'Halleffinalle sinn e Samschdeg 13. November ab 14 Auer an de grousse Finaldag ass Sonndes de 14. November ab 13.30h zu Esch am nationalen Tennis Center.

Natierlech ass och d'Sich nom Doubel Masters Champion nees am Programm. Dëst esouwuel bei den Damme wei bei den Hären. Och hei si Paarungen ewéi Claudine Schaul mam Tiffany Cornélius oder Mike Scheidweiler mam Tom Diederich oder Christophe Tholl mam Robi Tholl zesummen de Garant fir Tennis vun héijem Niveau.

All Detailer zum Highlight vum Joer fann dir elo schonn op der flt.lu Säit ënnert : Kompetitiounen - Tournoi: FLT Masters by Cardif Lux Vie 2021.

Wichteg ze wëssen ass dass den FLT Masters e Covid Check Event ass.