Neit COVID Gesetz

12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


08.02.2024
Tennis national/international

Davis Cup: Den nächste ...

D'Matcher an der ... Lire la suite


20.12.2021 Tennis national/international

Neit COVID Gesetz

 

Dat neit Gesetz ass a Kraaft. Fir den Tennis resuméiert heescht dat:

1) Tennis spillen (Loisirs) & Training bis zu 10 Leit:

bis zu 10 Leit kënnen duerch dat neit Gesetz Sport maachen OUNI Restriktiounen. Konkret am Tennis kann een also zB Simpel oder Dubbel spillen, Indoor oder Outdoor, ouni weider Restriktiounen.

2) Kompetitiounen

Fir ALL Form vu Kompetitiounen zielt:

2G+ Reegel: fir Sportler, Trainer an Arbitteren ab 19 Joer!

3G Reegel: fir Jugendlech (Spiller, Trainer, Arbitter) tëscht 12 Joer an 2 Méint an 19 Joer!

Kanner ënnert 12 Joer an 2 Méint brauche kee Certificat virzeweisen.

3) Training mat méi wéi 10 Sportler

Sollte méi wéi 10 Leit op engem Terrain zesumme spillen oder trainéieren zielen déi selwecht Reegele wéi bei de Kompetitiounen!

4) 3G op der Aarbechtsplaz

ab dem 15. Januar 2022 zielt den 3G op der Aarbechtsplaz, dh Trainer, Sportler, medezinesch Betreier a soss Encadrementsleit déi per Aarbechtskontrakt un e Club gebonnen si mussen sech also un den 3G halen.

5) Zuschauer:

Entweder ass d’Event ganz am COVID Check organiséiert oder et zielt:

- vun 11-50 Zuschauer (Mask + 2 M Distanz),

- vun 51-200 Zuschauer (Mask, Distanz 2 M + Sëtzplaz),

- vun 201-2000: obligatoresch Covid Check Event

6) Buvetten:

dierfen nëmme funktionéieren am COVID Check Regime.

Weider Detailer fann dir an der Circulaire vum Sportsministère hei an der Annexe.