Davis Cup Team: Opstig an d'Play offs vun der Weltgrupp II

26.06.2025
Tennis national/international

De Chris Rodesch huet sech an ...

Mat engem ... Lire la suite


24.06.2025
Tennis national/international

D’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean ...

D’SEAT ... Lire la suite


19.06.2025
Tennis national/international

BJKC: Lëtzebuerg setzt sech ...

D'SEAT ... Lire la suite


27.06.2022 Tennis national/international

Davis Cup Team: Opstig an d'Play offs vun der Weltgrupp II

Eng erfollegräich Woch fir d'Team vum Gilles Muller! 

Eis Nationalekipp war des Woch am zu Ulcinj am Montenegro am Asaz. No der Auslousung ware mir an enger Poule mat Moldawien, Nordmazedonien an dem Montenegro. Keng einfach Géigner fir eis jonk Ekipp. Mee eist Davis Cup Team sollt des Situatioun bravouréis meeschteren.

Alex Knaff, Chris Rodesch a Raphael Calzi koume géint déi jeeweileg Géigner an den Asaz, an si hunn hire Kapitän net enttäuscht. Mat all Kéier 2-1 goufen d'Rencontere gewonnen - esou dass Lëtzebuerg d'Poule souverän gewanne konnt. An um Enn den Opstig an d'Play offs vun der Weltgrupp II als Bilan vun der Woch do stinn. 

BRAVO! Un d'ganz Ekipp an de ganze Staff vum SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team.