Supporter-Rees Davis Cup a Slowenien

19.05.2026
Tennis national/international

MIR SICHEN DECH!

MIR SICHEN ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Laura Correia a Metti Reiter ...

Laura Correia a ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


13.03.2023 Tennis national/international

Fir eist SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team bei hirer Renconter am Weltgrupp II géint Slowenien am September dëst Joer ze ënnerstëtzen, plangt d'FLT eng Supporterrees mam Bus bis a Slowenien ze organiséieren.

Den Depart ass virgesi fir Mëttwochowes (13ten September) mat Retour Sonndegowes (17ten September).

Mir ginn allerdéngs eréischt Enn Juni gewuer Wéini (op 15. + 16.September oder 16. + 17.September) a Wou genau gespillt gëtt? Esoubal dat gewosst ass kommen Detailer iwwert den Hôtel an och de ganze Programm no.

Wann dir interesséiert sidd matzegoen, da sot eis w.e.g  bis den 30ten Abrëll  ënnert follgendem Link Fanrees DC, oder Mat engem Mail op mail.flt.lu@gmail.com, Bescheed, da kënne mir alt de Bus rervéieren, a mir halen iech wat all weider Detailer vu dëser Organisatioun ugeet esou séier ewéi méiglech um Lafendem.

De genaue Käschtepunkt hänkt vu sämtlechen Detailer an och der Unzuel vun de Matreesenden of.

D'Spiller géingen sech iwwer all Ënnerstëtzung op der Plaz freeën .