D'Véirelsfinalle stinn un

19.05.2026
Compétitions FLT

Mesures de Chaleur

Après ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Studentenjob

Du bass um ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Seat League 2026

Gëschter ass ... Lire la suite


11.01.2024 Tennis national/international

D'Véirelsfinalle stinn un

Beim ITF W15 Dammentournoi am CNT zu Esch ginn e Freideg d'Véirelsfinallen am Simpel gespillt. 

Hei treffen vun 11 Auer un d'Tilwith Di Girolami (B) op d'Nina Potocnik (SLO), d'Carolina Kuhl (D) op d'Amelia Waligora (B), d'Merel Hoedt (NL) op d'Tamara Kostic (A) an d'Veronika Podrez (UKR) op d'Aneta Kucmova (CZE).

Eng Lëtzebuerger Spillerin huet et am Simpel net an d'Ronn vun de leschten aacht Spillerinne gepackt. D'Marie Weckerle steet am Dubbel awer mat hirer däitscher Partnerin Nicole Rivkin an der Halleffinall. Hei treffen si op déi däitsch Schwësteren Tayisiya a Yana Morderger.