Éischt Plaz fir d'Lina Osmanovic zu Montbéliard

19.05.2026
Tennis national/international

MIR SICHEN DECH!

MIR SICHEN ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Laura Correia a Metti Reiter ...

Laura Correia a ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


15.01.2024 Tennis national/international

Éischt Plaz fir d'Lina Osmanovic zu Montbéliard

D'Lina Osmanovic konnt den Tournoi TMC U12 vum ASCAP zu Montbéliard a Frankräich fir sech entscheeden. D'Ina Palamar an d'Mia Maric hunn an hirer Poule jeeweils déi drëtt Plaz beluecht. 

Bei de Jongen, déi den Tournoi genotzt hunn, fir sech op de Winter Cup virzebereeden, huet sech den Noé Rousseau déi drëtt Plaz geséchert. Den Nicolas Medda gouf 10. an de Mirko Paffenholz 12. 

D'Nowuessspiller vun der FLT konnte bei hirem Deplacement a Frankräich vill bäiléieren. Bei Temperature vu bis zu -8 Grad haten si an der ongehëtzter Hal keng einfach Konditiounen. Begleet goufen si vun den Traineren Anne-Laure Heitz a Mathieu Da Silva.