Titel fir d'Tayisiya an d'Yana Morderger

13.01.2024 Tennis national/international
Daems Firmin

Titel fir d'Tayisiya an d'Yana Morderger

D'Tayisiya an d'Yana Morderger hunn d'Finall am Dubbel beim W15 Dammentournoi zu Esch am CNT gewonnen. Déi däitsch Spillerinnen hunn sech mat 6:2, 6:3 géint d'Josy Daems an d'Anastasiia Firman duerchgesat.

D'Finall am Simpel gëtt e Sonndeg um 15 Auer gespillt. Hei treffen d'Carolina Kuhl (D) op d'Veronika Podrez (UKR). D'Carolina Kuhl huet sech an der Halleffinall mat 6:3, 6:3 géint d'Tilwith Di Girolami (B) duerchgesat, d'Veronika Podrez mat 6:2, 4:6, 6:1 géint d'Tamara Kostic (A).