Winter Cups: D'U12 zu Krefeld am Asaz

26.01.2024 Tennis national/international
WhatsApp Image 2024-01-26 at 10.17.37 (2)

Winter Cups: D'U12 zu Krefeld am Asaz

Den Noé Rousseau, de Mirko Paffenholz an den Nicolas Medda spillen dëse Weekend zu Krefeld bei Düsseldorf d'Winter Cups an der Altersklass U12. Am Qualifikatiounsgrupp vun der Zone C trefft Lëtzebuerg op Éisträich, d'Belsch, Dänemark, Däitschland, Holland, Portugal a Slowenien..

Lass geet et fir d'FLT-Selektioun e Freideg de Mëtteg am éischten Tour géint Portugal.

Kapitänin vun der Lëtzebuerger Ekipp ass d'Anne-Laure Heitz.