De Chris Rodesch an den Alex Knaff schloe fir Lëtzebuerg op

19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


01.02.2024 Tennis national/international

De Chris Rodesch an den Alex Knaff schloe fir Lëtzebuerg op

Zu Bogota goufen en Donneschdeg d'Matcher vum Davis Cup tëscht Kolumbien a Lëtzebuerg an de Play-Offe vun der World Group I ausgeloust. 

Deemno spillen um éischten Dag e Freideg am Simpel den Nicolás Mejía géint de Chris Rodesch an den Adria Soriano géint den Alex Knaff.

E Samsdeg geet et dann mam Dubbel weider, wou den Nicolás Barrientos/Christian Rodríguez op den Duo Alex Knaff/Chris Rodesch treffen. Am Simpel stinn dono folgend Matcher un: Nicolás Mejía - Alex Knaff, Adria Soriano - Chris Rodesch.

Gespillt gëtt e Freideg vun 18.30 Auer Lëtzebuerger Zäit (12.30 Auer Lokalzäit) un an e Samschdeg vu 17 Auer Lëtzebuerger Zäit (11 Auer Lokalzäit) un am Club Bellavista Colsubsidio zu Bogota. 

D'Matcher ginn op www.winsportsonline.com iwwerdroen. D'Resultater fannt Dir och online um Davis-Cup-Site.