Winter Cups: 4. Plaz fir d'U16 vun der FLT

19.05.2026
Compétitions FLT

DAVIS CUP TICKETS - ...

Den ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Atelier nutrition au CNT

Atelier ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Mesures de Chaleur

Après ... Lire la suite


05.02.2024 Tennis national/international

Winter Cups: 4. Plaz fir d'U16 vun der FLT

D'U16-Jongen konnten sech bei de Winter Cups zu Leeuwarden (NL) déi 4. Plaz am Grupp B sécheren. An hirem éischte Match hunn sech den Olaf Zielinski, Maxime Rodesch an Dylan Leigniel mat 2:1 géint Litauen duerchgesat a sinn domat an d'Halleffinall agezunn. Hei huet d'FLT-Ekipp sech missten dem Team aus Frankräich, dat mat 3 Spiller, déi am ITF-Ranking an der Top 300 stinn, mat 0:3 geschloe ginn. Am Spill ëm d'3. Plaz gouf et dunn eng Defaite géint d'Belsch. Begleet gouf d'FLT-Ekipp vum Frédéric Baade.

D'U14-Jonge waren hirersäits zu Pornic (F) am Asaz. Hei hunn sech den Nick Wirtz, Nicolas Schiltz a Sébastien Nosbusch zum Optakt misste staarke Géigner aus Serbien geschloe ginn. Och am zweete Match géint d'Belsch gouf et eng Defaite fir d'FLT-Ekipp, déi vum Mathieu Da Silva begleet gouf.