SEAT League: Arquebusiers féiert d'Tabell no 2 Spilldeeg un

10.06.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Arquebusiers a ...

Am Interclub bei ... Lire la suite


03.06.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Arquebusiers ...

De Weekend ... Lire la suite


16.05.2024
Compétitions FLT

De Weekend geet d'SEAT League ...

Bei den Dammen ... Lire la suite


27.05.2024 Compétitions FLT

SEAT League: Arquebusiers féiert d'Tabell no 2 Spilldeeg un

An der SEAT League sinn déi 2 éischt Spilldeeg eriwwer. Souwuel bei den Damme wéi och bei den Häre läit Arquebusiers no den 2 éischte Matcher un der Spëtzt vun der Tabell. 

Um 2. Spilldag konnte sech bei den Hären Tennis Spora géint Cap on Line, Schëffleng géint Péiteng, Arquebusiers géint Contern an Houwald knapp géint Esch duerchsetzen. Bei den Damme goufen et Victoire fir Gréiwemaacher géint Jonglënster, Houwald géint Bouneweeg, Arquebusiers géint Tennis Spora a Péiteng géint Stengefort.

Um 1. Spilldag konnt den Titelverdeedeger Tennis Spora seng béid Matcher fir sech entscheeden, dëst bei den Damme géint Stengefort a bei den Häre géint Esch. Weider Victoire goufen et fir den Optakt bei den Damme fir Gréiwemaacher géint Bouneweg, Jonglënster géint Houwald an Arquebusiers géint Péiteng souwéi bei den Häre fir Houwald géint Cap on Line, Péiteng géint Conter an Arquebusiers géint Schëffleng.

D'komplett Resultater sinn op der Säit vum Interclub ze fannen.