SEAT League: Arquebusiers a Spora a Féierung

10.06.2024 Compétitions FLT
WhatsApp Image 2024-06-08 at 16.43.34 (1)

SEAT League: Arquebusiers a Spora a Féierung

Um 4. Spilldag vun der SEAT League konnte sech bei den Hären Tennis Spora géint Schëffleng, Arquebusiers géint Esch, Cap on Line géint Péiteng an Houwald géint Conter duerchsetzen. Bei den Damme goufen et Victoire fir Tennis Spora géint Jonglënster, Péiteng géint Bouneweg, Stengefort géint Houwald a Gréiwemaacher géint Arquebusiers.

Bei den Hären ass no 4 Spilldeeg den TC Arquebusiers a Féierung. Bei den Damme läit Tennis Spora un der Spëtzt vum Klassement.

D'komplett Resultater sinn op der Säit vum Interclub ze fannen.