SEAT League: Weideren Doublé fir Tennis Spora

08.07.2024 Compétitions FLT
2024-07.06 - FLT Spora TCA-009

SEAT League: Weideren Doublé fir Tennis Spora

D‘Spora huet sech an de Finalle vun der SEAT League, dem nationalen Interclub-Championnat, déi beim TC Esch stattfonnt hunn, bei den Hären an Damme géint den TC Arqubusiers duerchgesat.

Domat huet de Veräin aus der Stad seng béid Titelen aus dem leschte Joer erfollegräich verdeedegt.  

Déi komplett Resulater sinn op der Säit vum Interclub ze fannen.

Fotoen: Hype