Davis Cup: Dëse Weekend spillt Lëtzebuerg an Neuseeland

19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


29.01.2026
Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup ...

De 7. An 8. ... Lire la suite


20.11.2025
Tennis national/international

Awards Night: Nominatioun fir ...

Niert dem SEAT ... Lire la suite


13.09.2024 Tennis national/international

Davis Cup: Dëse Weekend spillt Lëtzebuerg an Neuseeland

Dëse Weekend spillt d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team zu Palmerston North an der Weltgrupp II géint Neuseeland. E Freideg goufen d'Matcher ausgeloust.

Deemno spillen um éischten Dag e Samschdeg am Eenzel de Kiranpal Pannu géint den Alex Knaff an den Ajeet Rai géint de Chris Rodesch. E Sonndeg geet et mam Dubbel tëscht dem Finn Reynolds/Rubin Statham an dem Chris Rodesch/Alex Knaff weider souwéi mat den Eenzele Kiranpal Pannu - Chris Rodesch an Ajeet Rai - Alex Knaff.

D'Matcher ginn Indoor an der Fly Palmy Arena gespillt a jeeweils um 12 Auer Lokalzäit (2 Auer moies Lëtzebuerger Zäit) un.

E Livestream gëtt et um neuseelännesche Site Stuff, d'Resultater sinn och op der Säit vum Davis Cup ze fannen.

Nieft dem Chris Rodesch an dem Alex Knaff stinn dem Kapitän Gilles Muller den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi an de Gilles Kremer zur Verfügung.