Éierung vum SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team

19.05.2026
Compétitions FLT

Mesures de Chaleur

Après ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Studentenjob

Du bass um ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Seat League 2026

Gëschter ass ... Lire la suite


26.09.2024 Tennis national/international

Éierung vum SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team

2024 stounge gläich zwou grouss Reesen fir d’SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team un. Am Februar war et a Kolumbie gaangen, am September huet d'Ekipp missten bis an Neuseeland fléien. Hei konnten d‘FLT-Spiller sech mat 3:2 duerchsetzen an sech esou fir 2025 fir den Opstig an d‘Weltgrupp 1 qualifizéieren.

De Kapitän Gilles Muller konnt a Kolumbien an Neuseeland op de Chris Rodesch, Alex Knaff, Raphael Calzi, Aaron Gil Garcia a Gilles Kremer zielen.

E Mëttwoch gouf d‘Ekipp an der Brasserie Schuman fir hire Succès geéiert. Den Aaron Gil Garcia spillt dës Woch en Tournoi am Ausland a konnt dofir bei der Éierung net dobäi sinn.

D‘Auslousung fir den nächsten Tour ass an den nächsten Deeg.

Fotoen: Val Wagner