Luxembourg Open vun e Sonndeg un um CNT

20.11.2025
Tennis national/international

Awards Night: Nominatioun fir ...

Niert dem SEAT ... Lire la suite


02.10.2025
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving beim TC ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


24.09.2025
Tennis national/international

Den Davis Cup kënnt zeréck op ...

D'SEAT ... Lire la suite


15.01.2025 Tennis national/international

Luxembourg Open vun e Sonndeg un um CNT

E Sonndeg fänkt um CNT zu Esch de Luxembourg Open un.

Bei de Männer stinn de Chris Rodesch, Alex Knaff, Raphael Calzi an Aaron Gil Garcia am Haapttableau an de Gilles Kremer, Christophe Nickels, Tim Pauly, Noé Plique a Metti Reiter an der Qualifikatioun. Bei den Dammen ass d'Marie Weckerle am Haapttableau, d'Leila Fabbri, d'Mathilde Humbert an d'Onalee Wagner an der Qualifikatioun.

Op Nummer 1 gesat ass bei de Männer de Gauthier Onclin, bei den Dammen d'Viktoria Hruncakova. Weider bekannten Nimm sinn de Mikael Ymer, fréier Nummer 50 op der Welt, an d'Yanina Wickmayer, eemoleg Nummer 12.

Zuschauer si beim Luxembourg Open wëllkomm. Gespillt gëtt vum 19. bis de 24. Januar jeeweils vu moies frei bis owes spéit, de 25. Januar stinn dann d'Halleffinallen am Simpel an d'Finallen am Dubbel un, de 26. Januar d'Finallen am Simpel. Den Entrée am CNT ass fräi!