Fir d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team geet d'Rees a Chile

06.03.2025 Tennis national/international
475556413 987578383481370 3061193085883685564 n

Fir d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team geet d'Rees am September a Chile

En Donneschdeg war d'Auslousung vun de Matcher vun der Weltgrupp I am Davis Cup. Op d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team, dat sech am Februar duerch eng Victoire an der Coque géint Litaue fir dës Grupp qualifizéiert hat, steet nees eng wäit Rees un: D'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller muss a Chile untrieden.

Gespillt gëtt den 12./13. September oder den 13./14. September.