Kinder Joy of Moving beim TC Grevenmacher

24.04.2025 Tennis national/international
20250419 Winner Amèlie Hennen und Finalist Miyu Genatzki U10 Filles

Kinder Joy of Moving beim TC Grevenmacher

Mat vill Freed hunn d'Nowuesspiller um Kinder Joy of Moving Tennis Trophy beim TC Gréiwemaacher deelgeholl. Gléckwonsch un all Participant. 

Follgend Spiller hu sech duerchgesat: 

U10 Meedercher: Amélie Hennen (Finalistin: Miyu Genatzy)

U10 Jongen: Matti Nestorowicz (Finalist: Léon Van der Vleugel)

U12 Meedercher: Céline Hennen (Finalistin: Sofia Boudjellel)

U12 Jongen: Kolos Nagy (Finalist: Ferdinand Weiers)

De Fair-play-Trophy ass un de Luca Birgen gaangen, deen duerch säi sportlecht Verhalen op sech opmierksam gemaach huet an ëmmer e Laachen am Gesicht hat. 

Deen nächste Kinder Joy of Moving Tennis Trophy fir U10- an U12-Spiller gëtt an der Päischtvakanz vum TC Schëffleng organiséiert.

D'Gewënner an de Kategorien U10 an U12 hunn um Enn vum Joer d'Méiglechkeet, um Masters Kinder Joy of Moving an der Rafa Nadal Academy deelzehuelen.