D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team fir d'Renconter am Chile steet

19.08.2025
Tennis national/international

Small States Championships: ...

D'Julia Perera ... Lire la suite


04.08.2025
Tennis national/international

Small States Championships um ...

Och dëst Joer ... Lire la suite


26.06.2025
Tennis national/international

De Chris Rodesch huet sech an ...

Mat engem ... Lire la suite


02.09.2025 Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team fir d'Renconter am Chile steet

Den 13. a 14. September trëtt d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team zu Santiago de Chile an der World Group I géint Chile un. 

De Kapitän Gilles Muller huet fir dës Renconter follgend Spiller nominéiert: 

  • Alex Knaff
  • Louis Van Herck
  • Aaron Gil Garcia
  • Raphael Calzi
  • Metti Reiter

Fir de Louis Van Herck an de Metti Reiter ass et déi éischt Nominatioun am SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team. De Chris Rodesch ass no senger Verletzung am Juni nach net bei 100 Prozent. Säi Fokus läit am Moment drop, erëm ganz fit ze ginn an um Enn vum Joer nach eng Kéier voll unzegräife fir an d'Top 100. Och de Gilles Kremer ass vun enger Verletzung ausgebremst ginn.

Begleet gëtt d'Ekipp vum Till Salme (Trainer), Benjamin Chassin (Kiné), Mike Welter a Laure Felgen (CA). 

Den Depart an de Chile ass fir dëse Freideg (5. September) geplangt. Gespillt gëtt am Parque Deportivo Estadio Nacional. Den 13. September ginn d'Matcher um 17 Auer Lokalzäit (23 Auer Lëtzebuerger Zäit), de 14. September um 16 Auer Lokalzäit (22 Auer Lëtzebuerger Zäit).  Weider Detailer fannt Dir um Site vum Davis Cup.