Rotary Lëtzbuerg Tennis Talent Präis

10.02.2026
Compétitions FLT

Davis Cup: Lëtzebuerg ass ...

No enger ... Lire la suite


10.02.2026
Compétitions FLT

D’Stare vu muer kommen op de ...

D’Begeeschterung ... Lire la suite


10.02.2026

10.02.2026 Compétitions FLT

Rotary Lëtzbuerg Tennis Talent Präis

Léif Veräiner, 

De Rotary Club Esch-Bassin Minier huet eng flott Initiative an d'Liewe geruff déi speziell drop ausgeriicht ass jonk Tennistalenter aus Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. 

Een talentéiert Meedchen an een talentéierte Jong aus den Alterskategorien U16 an U18 [TW1] mat enger valabeler FLT Tennislizenz, an déi eligibel sinn fir eng Lëtzebuerger Nationalsélectioun,[TW2]  gi vun der FLT an dem Rotary Club ausgewielt fir dëse flotte Präis an domat eng riseg Chance an hirer Tenniskarriär dierfen unzehuelen. 

D'Gewënner vun dëser Initiative kréien eng finanziell Ënnerstëtzung; ee Präis vu bis zu 2.000 Euro pro Persoun, gëtt verginn un 2 jonk Lëtzebuerger Tennisspiller fir hinnen hëllefen ze kënnen ee konkrete Projet ze realiséieren.

Dat kann zum Beispill sinn: 

Participatioun un engem ITF Tournoi & Rees dohin

Trainingsstage am Ausland 

oder sos aner Projeten déi den zwee jonke Sportler kënnen hëllefen éischt Erfarungen um héijen Niveau ze sammelen 

Zil vum Präis ass et, jonke Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen eng Chance ze ginn, sech international kënnen ze moossen an sech weider kënnen ze entwéckelen. 

Wéi kann ee kandidéieren? 

Interesséiert Spiller kënnen hir Kandidatur bis de 15. Abrëll 2026 per Mail u secretariat@flt.lu schécken. 

D'Kandidatur soll Folgendes enthalen: 

Eng kuerz Virstellung vum Spiller/in, d'Ziler am Tennis an ee sportleche Plang (max. 1 Säit) 

Eng Zesummefaassung vun de wichtegste Resultater um nationalen & internationale Niveau (max. 1 Säit) 

eng Beschreiwung vum Projet, fir deen d'finanziell Ënnerstëtzung ugefrot (inklusiv Schätzung vun de Käschte) (max. 2 Säiten) 

All Kandidatur gëtt vun engem Jury analyséiert an evaluéiert (Projet, Resultater, Ranking, etc.) 

Dëse Jury besteet aus: 

Paul Braquet (Rotary Club) 

Anne-Laure Heitz (Directrice Sportive Nationale FLT) 

Claudine Schaul (Commission Elite FLT) 

Tom Wirtz (Comité Tennis National FLT) 

D'Gewënner ginn am Mee 2026 bekannt gemaach. D'Präisiwwerreechung fënnt bei der AGO vun der FLT den 19. Juni 2026 statt. 

Mir géifen eis freeë wann Dir dës Informatiounen un är jonk Talenter am Veräin weider kéint ginn.