Small States Championships zu Malta

10.02.2026
Compétitions FLT

Small States Championships zu ...

 Eis Spiller si ... Lire la suite


10.02.2026
Compétitions FLT

Davis Cup: Lëtzebuerg ass ...

No enger ... Lire la suite


10.02.2026
Compétitions FLT

D’Stare vu muer kommen op de ...

D’Begeeschterung ... Lire la suite


10.02.2026 Compétitions FLT

Small States Championships zu Malta 

Eis Ekipp war bei de Small States zu Malta dobäi. Fir Lëtzebuerg waren d’Alexandra Piechowski, d’Lina Osmanovic, den Noé Rousseau an den Antonio Marinelli selektionéiert, déi vum Pierre Vanloo begleet gi sinn. 

Bei de Jongen U14 Jongen  huet de Noé sech an der Final 6:3, 4:6 6:2 géint den  Gianluca Pace aus Malta duerchgesat. Den Antonio verléiert säi leschte Match no enger staarker Woch 6:3, 6:4 ,  a klasséiert sech soumat op enger gudder 6. Plaz. 

Bei den U14 Meedercher klasséiert sech d’Lina Osmanovic no engem spannende Match mat 6:3, 3:6, 7:6 ob enger gudder 5. Platz. D’Alexandra Piechowski gewënnt sai leschte Simple 6:3, 6:2 a klasséiert sech soumat op enger gudder 9. Plaz. 

Am Dubbel hunn den Antonio an den Noé sech an der Finale géint hier Maltesech Alterskolleege mat 6:3, 6:4 duerchgesat. 

Och eis Meedercher, d'Lina an d'Alexandra hunn et am Doubel bis an d'Finale gepackt, wou Si awer leider mat 10-7 am Super Tie Break géint d'Equipe aus dem Montenegro (Top-Seed 1) verluer hunn.

Eng ganz staark Leeschtung vun eise Jugend Spiller, Gratulatioun!