Oppene Bréif vun der FLT un d'Regierung

09.02.2024

28.01.2024

16.01.2024

20.11.2020 Divers

An engem oppene Bréif huet de Conseil d'Administration vun der FLT op déi ugekënnegt nei Mesuren reagéiert.

RTL-Reportage

Mir, d’Membere vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun (FLT), der zweet gréisster Sportfederatioun vu Lëtzebuerg, wëllen an eiser Funktioun als Vertrieder vum Tennissport op déi ugekënnegt Mesuren am Projet de Loi 7694 déi an den nächsten Deeg solle gestëmmt ginn reagéieren an op divers Punkten agoen.

Am neie Gesetzestext gi sämtlech Indoor-Sportaarte d’selwecht behandelt, spréch ouni sportaartspezifesch Distinctioun einfach generell verbueden. Mir sinn eis bewosst, dass duerch déi aktuell sanitär Situatioun Mesurë musse geholl ginn an ënnerstëtzen de Prinzip dovunner zu 100%. Allerdéngs si mer der Meenung, dass een net pauschal all Indoor-Aktivitéit sollt verbidden.

Dofir ass et eis wichteg drop hinzeweisen, dass den Tennissport duerch seng sportaartspezifesch Charakteristiken och am Indoor déi sozial Distanzéierung, déi esou wichteg ass fir d’Verbreedung vum Virus ze limitéieren, tëscht Tennisspiller zu all Moment garantéiert, well et keen direkte Kontakt gëtt an den duerchschnëttlechen Ofstand iwwert 20 Meter grouss ass. En plus verfügen 2 oder maximal 4 Spiller am Dubbel iwwert eng Surface vu gutt 600m2 an engem Loftvolumen vun ca. 6000 m3. Des Argumentatioun gëtt duerch de Ministère de la Santé mat gedroen deen am Kader vum Tracing ee Kontakt beim Tennis net als „contact à risque" (= avoir eu un contact, sans port de masque, face-à-face ou dans un environnement fermé pendant plus de quinze minutes et à moins de deux mètres avec une personne infectée ») consideréiert.

Desweideren huet d’FLT – wéi och déi allermeescht aner Sportfederatiounen – wärend der 1. Well am Mee ee Konzept ausgeschafft wéi en plus vum „natierlechen“ niddrege Risiko d’Verbreedung vum Virus nach wieder ka verréngert ginn. Dëst Konzept besteet weiderhin a kann och ëmmer nees ugepasst ginn.

An deene leschte Méint gouf ganz oft op d’Wichtegkeet vum Sport higewisen, souwuel am Sënn vun enger Stäerkung vum Immunsystem wéi och fir dat alldeeglecht Wuelbefanne vun de Leit. Des Recommandatioune fir Sport ze bedreiwe koume grad esou vun nationalen an internationale Spezialisten am Gesondheetswiesen, wéi och vun nationalen an internationale Politiker.

Nieft der absolutter Wichtegkeet fir d’Leit fir Sport ze maache biergt e Verbuet fir Tennis an enger Hal ze spillen och déifgoend Konsequenze fir d’Iwwerliewe vun eise Veräiner an sech.

Eng Spezifizitéit vum Tennis, wéi se kaum enger anerer Sportaart hei am Land an dem Mooss virzefannen ass, ass dass ee ganz grousse Prozentsaz vun den Trainer haaptberufflech dëser Aktivitéit noginn. D’Spillerinnen an d’Spiller bezuelen hiren Training an d'Abonnéen hier Reservatioune fir dass de Veräin dem Trainer seng Aarbecht ka sozial gerecht entlounen. Hei sief ze preziséieren, dass wärend der 1. Well eng enorm Solidaritéit bestanen huet tëscht Memberen, Veräiner an Trainer déi mat sech bruecht huet, dass all Partei säin Deel geleescht huet fir sou gutt wéi méiglech duerch déi Kris ze kommen. An natierlech waren eis Veräiner, déi Salariéen engagéiert hunn, extrem dankbar iwwert den finanziell iwwerliewenswichtege Support vum Chômage partiel.

En 2. Lockdown fir den Tennis, dee vill vun deenen ca. 16.000 Tennisspiller am Land no eisen éischte Retouren net kënnen novollzéien, bréngt awer elo mat sech dass vill Spiller net méi bereet si Suen ze bezuele fir Stonnen déi net kenne prestéiert ginn.

Des Situatioun stellt vill Veräiner virun grouss Problemer, souwuel administrativer wéi finanzieller an och ethescher Natur. Et ass onméiglech gläichzäiteg de Spiller hier Ausfäll finanziell ze entschiedegen an d’Trainer, déi bäi der Reprise gebraucht ginn, virun ze bezuelen. Des Situatioun riskéiert bäi ville Veräiner op eng Faillite erauszelafen! Wéi solle Veräiner déi vu Benevole geleet ginn déi administrativ Charge packe fir gläichzäiteg finanziell liquid ze bleiwen, Prozeduren auszeschaffe fir deelweis Remboursementer ze maachen, d’Demarche maache fir hiren Ugestallten ze hëllefen, d’Traininger emzeplangen, …?

All des Tatsaachen bréngen ee laangfristegt d’Fortbestoe vun eisen Tennisveräiner, de weideren Engagement vu Benevolen an d’Existenz vu villen Trainer an hire Famillen a Gefor, a sinn an eisen Aan Grond genuch eng pauschal Entscheedung fir all d’Indoor Sportarten ze verbidden z’iwwerdenken.

Nieft de Suerge vun de Veräiner wëlle mir och nach drop opmierksam maachen, dass bei der aktueller Propose zwar d’Coque opbleift fir eis Elittesportler an och d’Nationalekippen dierfen trainéieren. Dat géif allerdéngs bedeiten, dass och den Nationalen Tennis Center misst kënnen opbleiwe well an der Coque keen Tennistraining méiglech ass.

Néideg Restriktiounen anzeféieren ass ëmmer schwiereg, sollten awer dofir gëeegent si fir dat vun der Regierung uviséiert Ziel, nämlech d’Verbreedung vum Virus anzeschränken, ze erreechen. Dest Ziel gëtt mam Verbidde vum Tennisspillen net just net erreecht, mee hëllt de Leit eng weider Méiglechkeet hirer, fir d'Gesondheet sou wichteger, sportlecher Aktivitéit no ze kommen.

Dofir plaidéiert d’Lëtzebuerger Tennisfederatioun fir eng sportaartspezifesch Gestioun an d’Méiglechkeet fir de Sport ënner striktem Respekt vun de sanitären Oplagen, de Charakteristike vun all Sportaart ugepasst, weiderhin ze erlaben.