Bilan nom Re-start vun de Kompetitiounen am Lëtzebuerger Tennis.

26.04.2024
Compétitions FLT

Victoire fir d'Lina Osmanovic ...

D'Lina Osmanovic ... Lire la suite


18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


04.05.2021 Compétitions FLT

Ambitiéis an erfollegräich !

Bilan nom Re-start vun de Kompetitiounen am Lëtzebuerger Tennis.

D’Lëtzebuerger Tennis Federatioun huet sech iwwert déi läscht Wochen drop preparéiert fir nees dierfe Kompetitiounen an alle Kategorien duerch ze féiere soubal de gesetzleche Kader et erlabe géif.

Dëse Weekend war et esou wäit. An de Bilan léisst sech kuerz an einfach resuméieren: duerch de solidareschen Asaz an d’Hëllef vun de Veräiner konnten am ganze Land mat grousser Freed erfollegräich Interclubs Rencontere gespillt ginn.

Insgesamt goufen a 6 regionale Covid Test Zenteren (Housen, Ettelbréck, Houwald, Arquebusiers, Gréiwemaacher, Esch) duerch d’Land ronn 500 Schnelltester fir ronn 500 Spiller duerchgefouert. Des Test Zentere konnten nëmmen duerch den Asaz vu 40 Benevollen erfollegräich funktionéieren. Dofir seet d’FLT de Veräiner a besonnesch de Fräiwëllegen déi sech gemellt hunn fir hirem Sport an dëser Zäit ze hëllefen op dësem Wee e grousse Merci. E weidere Merci un de Sportsministère fir d'Schnelltester.

Et war e laange Wee zréck an d’Kompetitioun. Wann een awer d’Freed an d’Disziplin erlieft huet mat där vu Jonk bis manner Jonk e Samschdeg an e Sonndeg op den Terrain gaangen ass fir och endlech nees a kompetitiver Form säi Liblingssport kënnen ze maachen dann si mir als FLT frou elo do ukomm ze sinn.

D’Lëtzebuerger Tennisspiller a Veräiner hunn zesumme mat der FLT bewisen, dass e weidere Schrëtt hin zu enger normaler Sportsituatioun méiglech ass. Mat Verantwortung a Solidaritéit gouf aus eisem ambitiéise Projet vum Re-start e ganz erfollegräiche Kompetitiounsweekend. Op dësem Wee si mir en Deel vun der Léisung!

Elo gëllt et déi nächst Schrëtt ze preparéieren, an dat genee esou verantwortungsbewosst wéi bei dëser Etappe. Do ass d’FLT, besonnesch no den Erfarungen an de Feedbacke vum Weekend der Meenung, dass negativ geteste Spiller net just Simpel, mee och Dubbel missten dierfe spillen, also een der Kompetitioun normal kann nogoen, dass an de Schoule geteste Kanner a Jugendlecher hir negativ Covid Tester och fir de Kompetitiounsasaz am Sport missten zielen an, dass déi méi einfach duerchféierbar Selbsttester eng grouss Erliichterung fir d’Benevollen an d'Spiller, ouni Erhéijung vum Ustiechungsrisiko, par rapport zu den aktuelle Schnelltester wäre fir den nächste Schrëtt um Wee zréck an d’Normalitéit.

D'FLT an hir Tennisspiller wëllen dofir, dass déi concernéiert Ministèren am Interessi vum Sport des Remarken a Virschléi am nächste Covid Gesetz berücksichtegen a freeën sech op alle Fall op déi nächst Etappe!