Ofschloss vun der Masters Series

13.03.2023
Tennis national/international

Tournois Cadres A U12 FLT

Après un 1er ... Lire la suite


06.02.2023
Compétitions FLT

Tennis Europe Wintercup U16 ...

Nos Cadres FLT ... Lire la suite


10.01.2023
Compétitions FLT

Formation Kidscoach 2022/2023

Quelques ... Lire la suite


03.09.2021 Compétitions FLT

Den TC Nordstad organiséiert op sengen 3 Tennis-Siten zu Ettelbréck, Ierpeldeng a Colmar-Bierg vum 10. bis de 26. September den "Outdoor Nordstad Open 2021 by Tomcar", een Tournoi dee gläichzäiteg och den Ofschloss vun der neier Masters Series ass.

Et ass also déi lescht Geleeënheet, no den Tournoi'en um Howald an op der Cap, sou wéi dem FLT Outdoor 2021, fir Punkte fir d'Qualifikatioun fir den FLT Masters 2021 by Cardif Lux Vie ze sammelen.

An alle Senior 0.Pro Tableau'en ginn et 250€ Präisgeld fir de Vainqueur, 100€ fir de Finaliste an an den Eenzel-Tableau'en och nach 50€ fir d'Halleffinalisten.

Och an all deenen anere Kategorie ginn et flott Präisser a Form vu Bongen a Coupen.

Déi offiziell Präisiwwerreechung ass Sonndes de 26. September um 17h00 wou d'Gemeng Ettelbréck och wäert den Éierewäin offréieren.

Dat ganzt Evenement fënnt natirlech am Respekt vum CovidCheck statt!

Umeldung fir den Tournoi iwwert d'Tournament Software.

Den aktuelle Ranking vun der Masters Race (Nummer 1 an 2 am Simple sinn direkt fir de Masters qualifizéiert, Nummer 3 a 4 fir d'Quali) fannt der hei an den aktuelle Ranking an der Masters Series (am Eenzel sinn d'Nummer 1 an 2 direkt fir de Masters qualifizéiert, d'Nummer 3 bis 8 fir d'Quali; fir den Dubbel kann een sech just iwwert d'Masters Series qualifizéieren, sief et als Ekipp oder eleng mat fräiem Choix vum/vun der Partner/in) ass hei ze fannen (a gëtt direkt nom Ofschloss vum FLT Outdoor 2021 nees aktualiséiert).