D'U12-Spiller vun der FLT setze sech géint d'Saarland duerch

19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


27.11.2023 Tennis national/international

D'U12-Spiller vun der FLT setze sech géint d'Saarland duerch

Um CNT zu Esch huet d'U12-Selektioun vun der FLT e Samschdeg e Frëndschaftsmatch géint hir Alterskolleegen aus dem Saarland gespillt. 

All Ekipp war aus dräi Meedercher an dräi Jongen zesummegesat. Fir d'FLT ware sechs Spiller aus dem A-Kader am Asaz: d'Lina, d'Mia, d'Ina, de Lenny, den Noé an de Mirko. 

Iwwert den Dag verdeelt goufe méi wéi 20 Matcher am Simpel an Dubbel gespillt. Fir d'Spiller an hiert Encadrement war et e schéinen Dag, bei deem sech d'FLT-Selektioun um Enn iwwert d'Victoire huet dierfe freeën.