Fir d'Davis Cup Ekipp geet d'Rees op Bogota
04.12.2023
Tennis national/international
Fir d'Davis Cup Ekipp geet d'Rees op Bogota
Mat der Victoire géint Slowenien am September hat sech d'Lëtzebuerger Davis Cup Ekipp fir d'Play-offe vun der World Group I qualifizéiert. Dass d'Lëtzebuerger do géint Kolumbien untriede mussen, ass scho méi laang bekannt. Lo sti weider Detailer zur Renconter a Südamerika fest. Gespillt gëtt deemno den 2. an 3. Februar 2024 am Club Bellavista Colsubsidio zu Bogota.
D'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller wäert op e staarke Géigner treffen: An der Natiouneweltranglëscht steet Kolumbien am Moment op Platz 20. an huet am ATP-Ranking ee Spiller ënnert den Top 100. Lëtzebuerg beleet am Natiouneranking d'Plaz 64.
