Victoire fir den Noé Rousseau, 2. Plaz fir d'Lina Osmanovic

19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


29.01.2026
Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup ...

De 7. An 8. ... Lire la suite


07.12.2023 Tennis national/international

Victoire fir den Noé Rousseau, 2. Plaz fir d'Lina Osmanovic

D'Spiller aus dem A-Kader vun der Federatioun hu leschte Weekend um TMC Saint-Nicolas zu Stroossbuerg deelgeholl a konnte gläich mat e puer Podiumsplazen op sech opmierksam maachen. 

Bei de Jonge war den Noé Rousseau topgesate Spiller vum Tournoi. Hien ass senger Favoritteroll gerecht ginn andeems hien den Tournoi gewonnen huet. Den Nicolas Medda koum op déi 4. Plaz ënner 14 Spiller.

Bei de Meedercher huet d'Lina Osmanovic et op déi gutt 2. Plaz gepackt, dëst viru senge Frëndinnen Ina Palamar (3.) a Mia Maric (5.). Et haten 9 Spillerinnen deelgeholl.

Et war e schéinen Tennis-Weekend, op deem d'Spiller eng ganz gutt Astellung gewisen hunn. Elo ass et fir d'Nowuessspiller Zäit fir d'Championnater. Mir wënschen hinnen all vill Gléck.