Victoire fir Bouneweg am Challenge Cup vun der U8

26.04.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic ...

D'Lina Osmanovic ... Lire la suite


12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


27.11.2023 Tennis national/international

Victoire fir Bouneweg am Challenge Cup vun der U8

Och fir d'U8-Spiller stoung dëse Weekend zu Esch am CNT den Challenge Cup un. Wéi bei der U6 waren och hei am Uschloss un déi verschidden Etappe vum Circuit Jeunes vun der FLT déi bescht Ausbildungsclibb selektionéiert ginn.

Ugetruede waren insgesamt aacht Ekippen: Bouneweg A a B, Arquebusiers, Spora, Houwald, Péiteng, Jonglënster a Sandweiler. Um Enn gouf et eng Victoire fir déi jonk Spiller vu Bouneweg, déi domadder e Pack pédagogique vun Head gewonnen hunn. 

Mir soen op dëser Platz alle Spiller, déi um Challenge Cup deel geholl hunn, Merci fir hiert Engagement an hiert virbildlecht Optrieden. E ganz grousse Merci geet awer och un d'Clibb an d'Capitaine vun den Ekippen, souwéi un eise Sponsor Head, d'Zoé, d'Noémie, den Nick, de Karel an den Adrien, déi eis als Arbitter gehollef hunn, an un den Tom Wirtz, deen net nëmmen als Vertrieder vum CA present war, mee sech och de ganzen Nomëtteg em d'Buvette gekëmmert huet.