International Turnéier zu Esch

26.04.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic ...

D'Lina Osmanovic ... Lire la suite


12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


28.12.2023 Tennis national/international

International Turnéier zu Esch

Vum 31. Dezember bis de 14. Januar organiséiert d'FLT mat de Luxembourg Open gläich zwee international Turnéier am CNT zu Esch, en M25 fir Männer an e W15 fir Fraen. Dës Turnéier erlaben et de beschte Lëtzebuerger Spiller a Spillerinnen, sech vrun heemescher Kuliss mat internationaler Konkurrenz ze moossen. 

Den Ufank maachen vun e Sonndeg un d'Männer. Hei treffen déi beschte Lëtzebuerger Spiller ëmm de Chris Rodesch, Alex Knaff, Raphael Calzi a Co. op ganz staark Géigner. Mam Kyle Edmund aus Groussbritannien an dem Nikoloz Basilashvili aus Georgie sinn zwee fréier Top-20-Spiller am ATP-Ranking gemellt. Den Nikoloz Basilashvili stoung am Mee 2019 op Plaz 16 an dësem Klassement. Als éischte Georgier iwwerhaapt huet den 31-Järegen 2018 en ATP-Turnéier gewonn. De Kyle Edmund, 28 Joer, war am Oktober 2018 Nummer 14 am ATP-Ranking. Dat selwecht Joer stoung hie bei den Australian Open an der Halleffinall. Béid Spiller haaten déi lescht Zäit mat Verletzungen ze kämpfen.

D'Finall bei de Männer gëtt de 7. Januar gespillt. Deen Dag geet och den Dammen-Turnéier un. Hei ass d'Finall fir de 14. Januar programméiert. De komplette Spillprogramm ass um ITF-Site ze fannen. D'Entrée ass gratis.