Optakt vum Haapttableau beim Luxembourg Open

26.04.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic ...

D'Lina Osmanovic ... Lire la suite


12.03.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic

An der Finall zu ... Lire la suite


16.02.2024
Tennis national/international

D'FLT Junior Open fänken dëse ...

Um CNT zu Esch ... Lire la suite


01.01.2024 Tennis national/international

Optakt vum Haapttableau beim Luxembourg Open

Um Dënschdeg a Mëttwoch gi beim Luxembourg Open um CNT zu Esch d’Matcher vum éischten Tour am Haapttableau gespillt. Den Ufank ass en Dënschdeg um 11 Auer. Interessant gëtt et aus Lëtzebuerger Sicht am drëtte Match vum Dag, wou den Aaron Gil Garcia op de Qualifikant Ryan James Storrie trëfft. Net viru 17.30 Auer schléit den Nikoloz Basilashvili aus Georgien, eemoleg Nummer 16 op der ATP-Tour, déi éischte Kéier am CNT op, dëst géint den Elmer Moeller aus Dänemark, 20 Joer an 2021 Nummer 21 bei de Junioren. Net virun 19 Auer trëtt dann de Lëtzebuerger Davis-Cup-Spiller Raphael Calzi géint den Alexis Gautier aus Frankräich, Nummer 7 vum Tableau, un.

Och den Dubbel gëtt aus Lëtzebuerger Siicht interessant, hei spillen um Dënschden no 16 Auer den Can Ayral an de Charly Berna hiren éischten Tour.

Den Alex Knaff an de Chris Rodesch schloen e Mëttwoch déi éischte Kéier op. Den Alex Knaff kritt et am éischten Tour mat engem Qualifikant ze dinn. Am Fall vun enger Victoire kéint hien dono op d’Nummer 1 vum Tableau, de Yanki Erel aus der Tierkei, treffen. De Chris Rodesch trëfft op den norwegeschen Davis-Cup-Spiller Viktor Durasovic, Nummer 432, deen 2016 mat sengem Land op der Cap géint Lëtzebuerg am Asaz war. Och den Englänner Kylie Edmund, 2018 Halleffinalist bei den Australian Open a fréier Nummer 14 vun der Welt, spillt e Mëttwoch säin éischte Match beim Luxembourg Open, dëst am Topmatch vun der éischter Ronn géint déi grouss belsch Nowuesshoffnung Raphaël Collignon, mat 21 Joer am Joer 2020 d’Nummer 25 vun der Welt bei de Junioren.

D’FLT hofft, vill Zuschauer dierfen ze begréisse fir dësen aussergewéinlechen Tennissport ze suivéieren an eis Lëtzebuerger Spiller live ze gesinn an ze ënnerstëtzen.