D'Billie Jean King Cup Team reest a Moldawien

11.06.2024
Tennis national/international

Detektiouns- a ...

... Lire la suite

03.06.2024
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving zu ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


26.04.2024
Tennis national/international

Victoire fir d'Lina Osmanovic ...

D'Lina Osmanovic ... Lire la suite


28.05.2024 Tennis national/international

D'Billie Jean King Cup Team reest a Moldawien

Vum 17. bis den 22. Juni trëtt d'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team zu Chisinau a Moldawien an der Europe Group III un. 

D'Kapitänin Anne Kremer huet follgend Spillerinnen nominéiert: 

  • Weckerle Marie
  • Rabiot Lucie
  • Schaul Claudine
  • Baddé Liz
  • Brdarevic Erna

Fir d'Lucie Rabiot ass et déi éischt Nominatioun fir de Billie Jean King Cup. 

Begleet gëtt d'Ekipp vum Trainer Frédéric Baade an engem Kiné.

An enger éischter Phase ginn déi 11 deelhuelend Natiounen an dräi Gruppen agedeelt. D’Auslousung vun dëse Gruppen ass e Sonndeg am spéiden Nomëtteg. Gewosst ass schonn, dass d’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team als drëttgesaten Natioun an enger Véierergrupp wäert spillen an an der éischter Phase net op Finnland, u Positioun 1 gesat, an Armenien, u Positioun 2 gesat, fale kann. Méiglech Géigner si Moldawien, Zypern, Irland, Albanien, Montenegro, Island, Aserbaidschan a San Marino.

D’Gewënner vun den eenzelne Gruppe spille vum nächsten Donneschdeg (20. Juni) un ëmm den Opstig fir 2025 an d’Europa/Afrika-Grupp II. Eng eenzeg Ekipp wäert opsteigen.

Weider Detailer sinn um Site vum Billie Jean King Cup.