BJKC: Lëtzebuerg wënnt géint den Aserbaidschan

19.05.2026
Tennis national/international

MIR SICHEN DECH!

MIR SICHEN ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Laura Correia a Metti Reiter ...

Laura Correia a ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


17.06.2024 Tennis national/international

BJKC: Lëtzebuerg wënnt géint den Aserbaidschan

D'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team ass zu Chisinau a Moldawie mat enger 3:0-Victoire géint den Aserbaidschan an den Tournoi gestart. 

D'Lucie Rabiot konnt säin Eenzel géint d'Lala Eyvazova mat 6:0, 6:1 fir sech entscheeden, d'Marie Weckerle huet sech mat 7:5, 6:2, 6:1 géint d'Michelle Dzjachangirova duerchgesat an d'Liz Baddé an d'Erna Brdarevic konnten den Dubbel géint d'Lala Eyvazova/Michelle Dzjachangirova mat 6:3, 6:0 gewannen. 

Am Grupp C vun der Europa-Grupp III trëfft Lëtzebuerg en Dënschdeg op Montenegro an e Mëttwoch op Irland. Vun en Donneschdeg u spillen d'Gewënner vun de Gruppen A, B an C ëmm den Opstig an d'Europa/Afrika-Grupp II. 

Nieft deene 4 Spillerinnen, déi an der éischter Renconter zum Asaz komm sinn, steet der Kapitänin Anne Kremer och nach d'Claudine Schaul zur Verfügung. 

Weider Informatiounen sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.