BJKC: Weider Victoire fir d'FLT-Spillerinnen

19.05.2026
Compétitions FLT

Mesures de Chaleur

Après ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Studentenjob

Du bass um ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Seat League 2026

Gëschter ass ... Lire la suite


18.06.2024 Tennis national/international

BJKC: Weider Victoire fir d'FLT-Spillerinnen

Och um 2. Spilldag am Grupp C vum Europa-Grupp III a Moldawie konnt d'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team eng Victoire feieren, dëst mat 3:0 géint de Montenegro. 

D'Marie Weckerle huet sech am Eenzel kloer mat 6:4, 6:2 géint d'Tea Nikcevic duerchgesat. Den Eenzel tëscht dem Lucie Rabiot an dem Anja Draskovic war méi ëmkämpft. Beim Stand vun 3:6, 7:5, 4:1 fir d'Lucie Rabiot huet d'Géignerin aus dem Montenegro dun awer am 3. Saz missten opginn. Am Dubbel gouf et eng 6:1, 6:0-Victoire fir d'Erna Brdarevic an d'Claudine Schaul géint d'Stasa Bulatovic an d'Petra Mirkovic.

E Méindeg haten d'Lëtzebuergerinnen sech scho mat 3:0 géint den Aserbaidschan duerchgesat. E Mëttwoch steet den drëtten a leschte Spilldag am Grupp C un. Hei trëfft Lëtzebuerg op Irland. D'Spillerinnen aus Irland konnten och hir zwee éischt Matcher géint Montenegro an Aserbaidschan gewannen. Sollten d'FLT-Spillerinnen dës Renconter zu hire Gonschten entscheeden, spille si vun en Donneschdeg u géint d'Gewënner aus de Gruppen A a B ëmm den Opstig an d'Europa/Afrika-Grupp II. 

Weider Informatiounen sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.