D'Billie Jean King Cup Team trëfft zum Optakt op Aserbaidschan

19.05.2026
Compétitions FLT

Studentenjob

Du bass um ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Seat League 2026

Gëschter ass ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Tennis Europe 11th Kirsch Open

Du 20 au 25 ... Lire la suite


16.06.2024 Tennis national/international

D'Billie Jean King Cup Team reest a Moldawien

Vum 17. bis den 22. Juni trëtt d'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team zu Chisinau a Moldawien an der Europe Group III un. Lëtzebuerg gouf als drëttgesaten Natioun der Grupp C zougedeelt an trëfft hei op Aserbaidschan, Irland a Montenegro. 

D’Gewënner vun den eenzelne Gruppe spille vum nächsten Donneschdeg (20. Juni) un ëmm den Opstig fir 2025 an d’Europa/Afrika-Grupp II. Eng eenzeg Ekipp wäert opsteigen.

D'Kapitänin Anne Kremer huet follgend Spillerinnen nominéiert: 

  • Weckerle Marie
  • Rabiot Lucie
  • Schaul Claudine
  • Baddé Liz
  • Brdarevic Erna

Fir d'Lucie Rabiot ass et déi éischt Nominatioun fir de Billie Jean King Cup. 

Begleet gëtt d'Ekipp vum Trainer Frédéric Baade an engem Kiné.

Weider Detailer sinn um Site vum Billie Jean King Cup.