Kinder Joy of Moving zu Schëffleng

15.07.2024
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving zu Esch

Mat vill Freed ... Lire la suite


21.06.2024
Tennis national/international

Lëtzebuerg schléisst de ...

D'Seat ... Lire la suite


20.06.2024
Tennis national/international

Weider Defaite fir ...

D'Seat ... Lire la suite


03.06.2024 Tennis national/international

Kinder Joy of Moving zu Schëffleng

Mat vill Freed hunn d'Nowuessspiller an der Päischtvakanz um Kinder Joy of Moving Tennis Trophy zu Schëffleng deelgeholl. Gléckwonsch un all Participant.

Follgend Spiller hunn sech an de Kategorien U10 an U12 duerchgesat: 

U10 Meedercher: Sofia Boudjellel (Finalistin: Juno Platania)

U10 Jongen: Sebastian El Fadhel (Finalist: Noah Dubosq)

U12 Meedercher: Mia Maric (Finalistin: Anna Gorel)

U12 Jongen: Mikael Huynh (Finalist: Radu Maftei)

De Fair-play-Trophy ass un de Radu Maftei an de Mikael Huyunh gaangen, déi d'ganz Woch duerch hiert exemplarescht Verhalen opgefall sinn, ni gemeckert hunn an eng super Final gespillt hunn. 

An de weidere Kategorië goufen et Victoire fir de Stanislas Jotic (U8 mixte), Mia Maric a Loic Bentner (U14),  Alice Marguerite Mallet a Stephane Pordan (U16) souwéi Kaya O'Grady a Samuel Damas (U18).

Deen nächste Kinder Joy of Moving Tennis Trophy fir U10- an U12-Spiller ass am Juli beim TC Esch.

D'Gewënner an de Kategorien U10 an U12 hunn um Enn vum Joer d'Méiglechkeet, um Masters Kinder Joy of Moving an der Rafa Nadal Academy deelzehuelen.