D’FLT sicht een oder eng Student(in) am Beräich Marketing / Kommunikatioun
D’FLT sicht een oder eng Student(in) am Beräich Marketing / Kommunikatioun
Du wëlls praktesch Erfarung an der Organisatioun an der Kommunikatioun ronderëm en internationaalt Sportsevenement sammelen?
Da komm bei d’FLT fir d’Davis-Cup-Renconter Lëtzebuerg - Ungarn, déi den 18. an 19. September 2026 stattfënnt.
- Mini-Stage vun dräi Wochen
- Vum 31. August bis den 19. September 2026
Deng Aufgaben:
- Videoe schneiden
- Affichen erstellen
- Fotoen a Videoe maachen
- Bei der Kommunikatioun virum a wärend dem Event matschaffen
- En Abléck hannert d’Kulisse kréien an de Fonctionnement vun enger Davis-Cup-Renconter kenneléieren
Gesichte Profil:
- Student(in) am Beräich Marketing, Kommunikatioun oder an engem änleche Beräich
- Erfarung mat Final Cut Pro oder engem änleche Programm
- Gutt Kenntnisser vu Canva oder engem änleche Programm
- Sécheren Ëmgang mat Kameraen
- Kreativ, selbststänneg a wärend der ganzer Period disponibel
- Lëtzebuergeschkenntnisser sinn e groussen Atout
Interesséiert?
Da schéck däin CV an e puer Beispiller vun dengen Aarbechten u laure.felgen@flt.lu.

















