D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team fir d'Renconter géint d'Ukrain steet

29.01.2026 Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team fir d'Renconter géint d'Ukrain steet

De 7. An 8. Februar empfängt d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Ekipp am Gymnase vun der Coque d'Ukrain fir den Opstig an d'Weltgrupp I. 

De Kapitän Gilles Muller huet fir dës Renconter follgend Spiller nominéiert: 

  • Chris Rodesch (ATP 209)
  • Alex Knaff (ATP 694)
  • Aaron Gil Garcia (ATP 1290)
  • Louis Van Herck (ATP 1348)
  • Raphael Calzi

De 7. Februar ginn d'Matcher um 13 Auer un, den 8. Februar um 11 Auer. Nach sinn Ticketen fir d'Renconter ze kréien, dëst iwwert Ticket Regional.