FLT Masters: Et geet an d'Phase finale

19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

DAVIS CUP TICKETS - ...

Den ... Lire la suite


13.11.2024 Compétitions FLT

FLT Masters: Et geet an d'Phase finale

Beim FLT Masters by Cardif Lux Vie stinn d'Spiller vun der Endronn an d'Finalisten am Dubbel fest. 

Bei de Männer hunn sech de Christophe Nickels an den Noé Plique déi lescht 2 Plazen an der Phase finale geséchert, fir déi den Aaron Gil Garcia, de Raphael Calzi, de Robi Tholl, de Charles Berna, de Christophe Tholl an de Gilles Kremer d'office qualifizéiert sinn. 

Bei den Dammen hunn sech d'Eléonora Molinaro, d'Laura Correia, d'Laura Palumbo an d'Onalee Wagner fir den Haapttableau qualifizéiert. Hei treffen si an der Gruppephas op d'Else Vander Stichele, d'Lucie Rabiot, d'Leila Fabbri an d'Tatiana Silbereisen.

Am Dubbel hu sech bei de Männer d'Duoen Robi Tholl/Christophe Tholl a Charles Berna/Noé Plique fir d'Finall qualifizéiert, bei den Dammen d'Duoen Eléonora Molinaro/Lucie Rabiot an Tatiana Silbereisen/Onalee Wagner.

D'Matcher vum Haapttableau am Simpel ginn e Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg jeeweils vun 18.30 Auer u gespillt. D'Finallen am Dubbel si fir e Samschdeg 17 Auer am CNT zu Esch geplangt, d'Finallen am Simpel e Sonndeg vu 14 Auer un. Den Entrée ass fräi.

All Resultater sinn op der Säit vum Tournoi ze fannen.