Studentenjob bei der FLT
Studentenjob bei der FLT
Du bass um Tennis interesséiert a wëlls en Abléck an d’Sportorganisatioun kréien? Fir d'Outdoor Landesmeeschterschafte vum 18. bis 27. Juli um CNT zu Esch siche mir e Student, deen aktiv zum Geléngen vun dëser Competitioun bäidréit.
Zu dengen Aufgaben zielt et, Matcher ze starten, Resultater anzedroen, Froen zur Organisatioun ze beäntwerten, Gedrénks ze verkafen a villes méi.
Seet dëst dir zou? Da schreif eis nach haut: secretariat@flt.lu